EP30: Gehier am Fokus. Mëll wéi Plasteline, staark duerch Bindung
- Maxi Pesch
- Jan 16
- 3 min read
"D'Gehier vu klenge Kanner ass wéi mëlle Play-Doo: immens formbar, mee och ganz vulnerabel." Mat dësem Bild huet Dr. Denise Reding Jones, Expertin an der Gehierentwécklung a funktioneller Medezin, e fundamentaalt Thema am Podcast 1000Deeg op de Punkt bruecht. Am Gespréich gouf kloer, wéi wichteg déi éischt 1000 Deeg am Liewe vun engem Kand fir seng neurologesch a psychosozial Entwécklung sinn.
Dr. Denise Reding-Jones ass eng lizenzéiert Psychologin a Psychotherapeutin zu Lëtzebuerg, spezialiséiert op Trauma- an Entwécklungspsychologie. Mat engem Doktorat an der Berodungspsychologie an Zertifizéierungen an EMDR an Traumatologie behandelt si eng breet Pallette vu psychesche Stéierungen a schwätzt véier Sproochen.
Wéini fänkt d'Gehierentwécklung un?
D’Rees vun der Gehierentwécklung fänkt schonn an der sechster Schwangerschaftswoch un, wann déi éischt Basis vum Gehier am Embryo geluecht gëtt. D’Entwécklung geet vun hannen no vir: vum Hirnstamm, deen de Kierper kontrolléiert, iwwer den emotionalen Deel bis bei de logesch-linearen Deel. D’Dr. Reding Jones huet betount, dass schonn an där fréier Phas d’Ëmwelt an de Stressniveau vun der Mamm e groussen Afloss hunn: "De Stresshormon Cortisol kann duerch d'Plazenta goen a scho ganz fréi Schied am Gehier verursaachen, besonnesch am Hippocampus an am Prefrontal Cortex."
D'Roll vun der Schwangerschaft an der Bindung
D'Entwécklung vum Gehier gëtt wärend der Schwangerschaft net nëmme vun der Ernierung an der Gesondheet vun der Mamm beaflosst, mee och vun der emotionaler Verbindung tëschent Mamm a Kand. Wann d'Mamm mat hirem Kand schwätzt oder seng Beweegunge spiert, gëtt d'Basis fir eng éischt Bindung geluecht. Och de Partner kann hei eng wichteg Roll spillen, andeems en sech aktiv un dësem Prozess bedeelegt.
D’Wichtegkeet vun den éischte Méint a Joren
No der Gebuert entwéckelt sech d’Gehier mat enger verblüffender Vitesse: Bis zum Alter vun dräi Joer si bal all d'Gehierzelle matenee verbonnen. "Déi éischt dräi Joer si kritesch, well d’Kand a senger fréister Kandheet méi léiert wéi an all anerer Phas vu sengem Liewen," sot d’Dr. Reding Jones. Eng stabil emotional Bindung ass dobäi entscheedend: "De mënschleche Kontakt, den Aekontakt an d'Bindung duerch d'Eltere maachen dass d'Gehier am séierste wiisst – keng Spillsaach oder technologesch Innovatioun kann dat ersetzen."
Stress als Barrière fir d’Léiere
Stress ass ee vun de gréissten Hindernisser fir d’Léieren. "E Kand, wat gestresst ass, kann net léieren," huet d’Dr. Reding Jones betount. De Grond: An engem Stresszoustand schalt d’Gehier Beräicher of, déi fir d’Konzentratioun an d’Léiere wichteg sinn, a fokusséiert sech op d'Iwwerliewe. Besonnesch bei Kanner, déi onsécher gebonne sinn oder duerch emotional Onsécherheet belaascht ginn, ass dëse Mechanismus oft aktiv.
Crèchen a Bindung: E sensibelt Thema
An eiser Gesellschaft ass et üblech, dass Kanner scho mat sechs oder néng Méint an d’Crèche ginn. Dëst fält gläichzäiteg an eng Phas, wou vill Kanner eng intensiv separation anxiety erliewen. D’Dr. Reding Jones huet erkläert, dass de Kontakt mat ville verschiddene Persounen an deene ganz jonke Joren iwwerfuerderend fir d’Kand ka sinn. "Fuerschungen hu gewisen, dass de Stresshormon Cortisol bei Kanner, déi an d'Crèche ginn, owes méi héich ass wéi bei Kanner, déi doheem betreit ginn. Dat kann d’Gefill vu Sécherheet a Bindung beaflossen."
Si huet awer och drop higewisen, dass Crèchen net automatesch schiedlech sinn, mee dass et wichteg ass, d’Zuel vun de Betreiungspersounen sou niddreg wéi méiglech ze halen a fir Kontinuitéit ze suergen.
Eng vun de wichtegste Conclusioune vum Gespréich war, dass Kanner net onbedéngt "sozialiséiert" musse ginn, ier si physesch a psychologesch bereet sinn. Am Géigendeel: Et ass d’Bindung mat den Elteren oder enker Betreier, déi hir Basis fir Vertrauen an d’Welt an d’Fäegkeet, mat anere Leit z'interagéieren, leet. "D’Wëssenschaft weist, dass Kanner méi gesond entwéckelen, wa si an deene fréie Joren net mat ze vill verschiddene Betreier konfrontéiert ginn, mee stänneg an enkem Kontakt mat wéinege Gesiichter bleiwen."
Eng nei Perspektiv op Kanner a Bindung
D'Gespréich huet gewisen, wéi fundamental eng gesond Bindung fir d’Entwécklung vum Kand ass. "Zwee Eltere mat engem gesonde Kand si gär iwwerfuerdert, well dat Kand esou vill wëllt wëssen a sou vill entdecke well, dass et e ganze Krees vu Leit brauch, fir seng Bedierfnisser ze erfëllen," huet d’Dr. Reding Jones erkläert. Kanner, deenen hir emotional Besoinen erfëllt sinn, si méi virwëtzeg a wëssbegiereg – eng Energie, déi fir Erwuessener intensiv ka sinn, mee och e staarkt Zeeche vun enger gesonder Entwécklung ass.
D’Dr. Reding Jones huet e schwieregt, awer essenziellt Thema mat vill Empathie an Expertise vermëttelt. D’Fro, wéi mir als Gesellschaft mat de Besoine vu Kanner an hiren Eltere wärend deene kriteschen éischten 1000 Deeg ëmginn, bleift oppe. Mee et ass kloer, dass d’Gehier vun de Klengen esou formbar ass, wéi et sensibel ass – an datt mir als Gesellschaft eng Verantwortung hunn, déi wichtegste Joren an hirem Liewe mat vill Virsiicht ze begleeden.
5 Key points:
Fréi Gehierentwécklung: Start an der 6. Schwangerschaftswoch, sensibel op Stress.
Wichtegkeet vun der Bindung: Sécher Bindung fërdert d’Entwécklung a Léierfäegkeet.
Stress blockéiert Léieren: Stressmechanismen aschränkend fir Konzentratioun a Fortschrëtt.
Crèchen a Sécherheet: Vill Betreiungspersoune kënnen zu héijem Stress féieren.
Virwëtzeg Kanner: Erfëllte Besoine stäerken Aktivitéit a Wëssbegier.
Comments