top of page

EP47: Doula - Eng Onsiichtbar Stäip bei Gebuerten

  • Writer: Maxi Pesch
    Maxi Pesch
  • Mar 22
  • 3 min read


Déi roueg Präsenz an engem Kreessall, déi net opfält an awer alles verännert, déi mental Ënnerstëtzung an Opklärung vun den Elteren. Dat ass d'Roll vun enger Doula. A grad an engem Moment, wou d'Gesellschaft dacks d'Emotiounen a Gefiller ronderëm Gebuert an Eltereginn als "Niewesächlechkeet" betruecht, gewannen Doulaen u Bedeitung. A genau do läit de Paradox.


World Doula Week – Eng Geleeënheet fir Doulaen ze feieren


Dës Woch, zur World Doula Week, steet d'Bedeitung vun Doulaen op der ganzer Welt am Fokus. Dëse spezielle Moment soll drop opmierksam maachen, wéi wichteg déi kontinuéierlech, emotional Ënnerstëtzung vun Doulaen ass – an datt dës Ënnerstëtzung nach ëmmer net genuch Unerkennung kritt.


"Doulaen sinn do fir d'Séil," seet Stéphanie Fabbri,eng engagéiert Doula, déi zënter 2016 Elteren duerch Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett begleed. "Dës emotional Begleedung gëtt leider nach ëmmer ënnerschat – an dobäi kéint si souguer heiansdo traumatesch Gebuertserfarungen verhënneren."

Stéphanie, eng passionnéiert Doula
Stéphanie, eng passionnéiert Doula

Doula – Hokuspokus oder eng wichteg Stäip?


Doulaen hunn haut nach ëmmer mat Virurteeler ze kämpfen. Fir déi eng si se eng esoteresch Randerscheinung, fir déi aner si se eng onverzichtbar Ressource.


Mee wat mécht eng Doula iwwerhaapt, a wéi ënnerscheet sech hir Roll vun där vun enger Hiewan? Doulae sinn net medezinesch ausgebilt, mee si bidde kontinuéierlech emotional Ënnerstëtzung. Si sinn do, wann d’Zäit am Kreessall sech zitt, wann d’Partner sech iwwerfuerdert spieren oder wann d’Fra d’Gefill huet, net méi weiderzekommen. Et ass genee dës Form vu Präsenz, déi Doulaen esou wichteg mécht.


"D’Hiewan hat bei menger Gebuert all d’medezinesch Suergen am Bléck," erkläert d'Stéphanie. "D’Doula war awer do just fir mech." Eng schéi Kombinatioun, wéi si se nennt. "Déi eng kuckt op de Kierper, déi aner op d’Séil."


Emotional Ënnerstëtzung – Eng vergiesse Ressource?


Et gëtt ëmmer méi kloer, datt déi emotional Dimensioun vu Schwangerschaft a Gebuert laang Zäit vernoléissegt gouf. D’Ausso "Haaptsaach d'Kand ass gesond" verkennt dobäi, wéi déifgräifend eng negativ Gebuertserfarung op d’Mamm a gläichzäiteg och op d’Kand kann hunn.


"Wann eng Fra sech sécher an ënnerstëtzt fillt, leeft d’Gebuert méi entspaant of," erkläert d'Stéphanie. D'Wëssenschaft ënnerstëtzt dëst. Studie weisen, datt eng kontinuéierlech emotional Betreiung d’Noutwendegkeet vu medezineschen Interventioune reduzéiere kann. Trotzdeem bleift dës Form vun Ënnerstëtzung dacks e "Luxus" – en Déngscht, deen net vun der Krankekeess iwwerholl gëtt a fir vill Elteren net bezuelbar ass.


Tëscht Pionéieraarbecht a gesellschaftlecher Onsiichtbarkeet


Doulaen, virun allem zu Lëtzebuerg, schaffen nach ëmmer an engem Beräich, deen net offiziell unerkannt ass. "Et ass nach ëmmer eng Pionéieraarbecht," seet d'Stéphanie. An dat bréngt mat sech, datt d'Perceptioun an der Gesellschaft nach net ganz kloer ass.


D’Kritik kënnt heiansdo esouguer vu medezineschem Personal. Doulae géifen heiansdo "am Wee stoen". Fir d'Stéphanie ass et dofir wichteg, sech bewosst zeréckzehalen: "Meng Roll ass et net, ze intervenéieren. Ech sinn do, fir der Fra d’Vertrauen an hir eege Fäegkeeten ze ginn."

Trotzdeem, wéi d'Stéphanie betount, kéint eng besser Zesummenaarbecht tëscht Hiewannen, Dokteren an Doulaen vill Spannungen ofbauen: "Et geet net ëm Konkurrenz – et geet dorëms, zesummen d'Fra an de Mëttelpunkt ze stellen."


Déi intim Kraaft vun enger Begleedung


De Besoin no perséinlecher Ënnerstëtzung ass esou al wéi d’Gebuert selwer. Awer an enger Welt, déi ëmmer méi no Effizienz an Zäitoptiméierung strieft, gëtt dës intim Dimensioun ëmmer méi vernoléissegt. "D’Atmosphär bei enger Gebuert huet en immensen Afloss," seet d'Stéphanie. "Wann d'Fra sech sécher fillt, wa Si weess, do ass een, dee Si kennt an deen hir nolauschtert – da ka si sech entspaanen. An dat verännert alles."


Fazit: Firwat Doulaen méi si wéi just "esoteresch"?


D’Gebuert ass e Moment, deen d'Liewe verännert – a wéi dee Moment verlaf ass, bleift dacks nach laang an der Séil verankert. Doulaen droen dozou bäi, datt dës Erfarung net just "erlieft", mee bewosst a positiv ka gestalt ginn. "Eng Doula mécht d'Fra net méi staark," seet d'Stéphanie. "Mee si erënnert Si drun, wéi staark Si schonn ass."




 
 
 

Comments

Rated 0 out of 5 stars.
No ratings yet

Add a rating
bottom of page