top of page

EP44: Mamm ginn - Wann d’Glécksgefill ausbleift

  • Writer: Maxi Pesch
    Maxi Pesch
  • Feb 24
  • 3 min read

Updated: Feb 25



D’Gesellschaft mécht eis vir, datt Mamm ginn e Moment vu purer Freed an Erfëllung ass. Et ass dee Mythos, dee sech duerch Reklammen, Bicher a souguer duerch Alldagsgespréicher zitt: eng Fra, déi hiert Neigebuerenent Kand am Aarm hält, erfëllt vu Léift, Gléck a Stolz. Mee wat geschitt, wann dës Gefiller net optrieden? Wann d’Glécksgefill ausbleift, wann eng Fra sech iwwerfuerdert, eleng oder souguer distanzéiert vun hirem eegene Kand spiert?


Dëst Thema ass ëmmer nach en Tabu. Vill Fraen trauen sech net, oppen doriwwer ze schwätzen, aus Angscht, als schlecht Mamm ofgestempelt ze ginn. D’Erwaardung vun der Gesellschaft ass kloer: Mamm ginn ass eppes Natierleches, eppes, wat automatesch soll Freed bréngen. An dach gëtt et Fraen, déi sech an dësem neie Liewensofschnëtt verluer fillen.

Fir dës Realitéit ze verstoen, schwätze mir an dësem Interview mat der Marie-Jeanne Schon, Familljentherapeutin, déi zënter ville Joren mat Mammen a Famillje schafft. Si weess, wéi schwéier et ass, dës Gefiller zouzeginn – an och wéi wichteg et ass, doriwwer ze schwätzen.


Zwëscht Hormonen a Gesellschaftsdrock


Eng nei Mamm erlieft net nëmmen en emotionalen, mee och en hormonellen Tsunami. De sougenannte "Babyblues" – eng kuerz, melancholesch Phase nom Accouchement – ass relativ heefeg. Mee heiansdo geet et méi wäit. Eng postnatal Depressioun ka laang unhalen an d’Bezéiung tëscht Mamm a Kand belaaschten.


D'Marie-Jeanne Schon erkläert:"Den éischte Moment, wou eng Fra mierkt, datt se schwanger ass, gi ganz aner Perspektiven op. Dat bréngt immens vill Changementer mat sech – sief dat professionell, mat hirem Partner oder an hirer Famill. D’Iddi, datt Mamm ginn automatesch Gléck bedeit, ass doduerch vill ze vereinfacht."


Fir vill Fraen ass d’Gefill nom Accouchement net déi erwaarten Euphorie, mee éischter en Drock, eng Onsécherheet, oder souguer eng Distanz zu hirem Kand.

"Ech hu Frae begéint, déi gesot hunn: 'Elo ass dee Bëbee do, an ech spieren dat Gléck net.' Oder: 'Ech këmmere mech em en, mee iergendwéi erfëllt et mech net.' Dat kann hormonell bedéngt sinn, mee och mat der Gebuertserfarung zesummenhänken – besonnesch no engem schwéiere Verlaf oder engem Kaiserschnëtt."


Dobäi kënnt, datt dacks aus dem Ëmfeld de Saz kënnt: "D’Haaptsaach, däi Kand ass gesond." Wat gutt gemengt ass, ka fir déi betraffe Fraen eng weider Belaaschtung sinn.

"Wann et enger Mamm schlecht geet, da mécht d’Tatsaach, datt hire Bëbee gesond ass, net automatesch, datt Si sech och gutt spiert. Dëst Gefill vun 'ech MUSS glécklech sinn' kann eng Fra nach méi ënner Drock setzen."


De Problem vum Elengsinn


Fréier hu Groussmammen, Tatten oder aner Familljememberen eng nei Mamm an hirem Rollewiessel begleet. Hautdesdaags ass dat net méi sou. Frae musse méi séier nees „fonctionéieren“, si sollen nees prett si fir d’Aarbecht, fir dat soziaalt Liewen, fir hire Partner. Déi mental an emotional Charge gëtt kaum thematiséiert.

"Mir gesinn, datt jonk Mammen haut manner versuergt gi wéi fréier. An anere Kulturen ass et nach ëmmer üblech, datt eng Fra no der Gebuert vun hirer Famill ënnerstëtzt gëtt. Hei zu Lëtzebuerg steet se dacks eleng do – an dat kann zu enger enormer psychescher Belaaschtung féieren."

Dëst huet sech besonnesch an der Covid-Pandemie gewisen. Vill Fraen hunn hire Puppelchen an der totaler Isolatioun kritt, ouni Besuch, ouni konkret Ënnerstëtzung.

"D’Frae kommen haut nach an d’Consultatioun a soen: 'Meng éischt Gebuert war an der Pandemie, ech wëll, datt et dës Kéier ganz anescht gëtt.' Dat weist, wéi déif dës Erfarunge sëtzen."


Wann d’Bindung net direkt geschitt


D’Bild vun der direkter emotionaler Verbindung tëscht Mamm a Kand ass e weidert Ideal, dat net ëmmer der Realitéit entsprécht. Fir verschidde Fraen ass dës Bindung e Prozess, deen Zäit brauch.

"Et gi Fraen, déi sech no der Gebuert net direkt mat hirem Kand verbonne spieren – besonnesch wann d’Gebuert traumatesch war oder wa se sech eleng gelooss spieren. Mee och dat ass net ongewéinlech."

Dëst kann d’Verhale vum Bëbee beaflossen.

"Et gëtt Beebeeën, déi vill kräischen, well se spieren, datt eppes net stëmmt. Anerer zéien sech zréck a schlofe méi wéi soss. Mir gesinn an der Praxis, datt d’Emotioune vun der Mamm sech direkt op de Bëbee reflektéieren."


Mir brauche méi Éierlechkeet an Opklärung


D'Léisung fir dëse Problem ass net einfach, mee e wichtege Schrëtt ass, méi oppen doriwwer ze schwätzen.

"Mamm sinn ass net just eng Hollywood-Versioun vu perfekte Puppelcherszëmmeren a stralende Fraen. Et ass e Prozess, eppes, wat vill Ofstréch a Verännerunge mat sech bréngt. Et ass wichteg, dës aner Säit net ze verschweigen."


Eng Gesellschaft, déi Mamm ginn an all senge Facettë versteet, ka besser Ënnerstëtzung ubidden. E grousse Schrëtt wier, d'Erwaardung ze änneren, datt all Fra vun der éischter Sekonn un "glécklech" muss sinn.


"Déi bescht Präventioun ass Opklärung: ze soen, datt et normal ass, wann een net direkt esou empfanne kann, wéi ee sech dat vläicht erwaart hat. A virun allem: ze wëssen, wou een Hëllef fënnt, wann et engem net gutt geet."


D’Realitéit ass, datt vill Fraen dës Erfarung maachen, ouni datt driwwer geschwat gëtt. Mee grad duerch Oppenheet kann d’Stigmatiséierung gebrach ginn – an dat ka schonn e wichtege Schrëtt a Richtung Verännerung sinn.




 
 
 

Comments

Rated 0 out of 5 stars.
No ratings yet

Add a rating
bottom of page