top of page

EP45: Firwat d'Gesondheet scho virun der Empfängnis ufänkt

  • Writer: Maxi Pesch
    Maxi Pesch
  • Mar 11
  • 3 min read

 Datt déi éischt 1000 Deeg – vun der Empfängnis bis zum zweete Gebuertsdag vum Kand – entscheedend fir seng Entwécklung sinn, ass mëttlerweil gutt bekannt. Mä nei wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen, dass dës Geschicht nach vill méi fréi ufänkt. D’Epigenetik, e Beräich an der Fuerschung, weist, dass d’Ëmwelt an de Liewensstil vun den Eltere scho virun der Empfängnis e laangfristegen Afloss op d’Gesondheet vun hirem Kand kënnen hunn.

An dëser Episod vun 1000Deeg deelt Dr. Agnès Collet, eng Médecin-Biologistin spezialiséiert a Genetik a funktioneller Medezin, hir Ablécker an dës faszinéierend Erkenntnisser a wéi dës d'Entwécklung vu Kanner beaflosse kënnen.


"D’Ëmwelt steiert d’Gen-Expressioun"


„E Kand ierft natierlech seng genetesch Informatioun – 50 % vun der Mamm a 50 % vum Papp. Mä mir wëssen haut, dass dat kee feste Programm ass“, erkläert Dr. Collet. "D’Ëmwelt, de Liewensstil an d’Ernärung beaflossen, wéi dës Gene sech ausdrécken. D’Epigenetik hëlleft eis ze verstoen, wéi bestëmmte genetesch Virlagen entweder aktivéiert oder ofgeschwächt kënne ginn – jee no Liewensëmfeld an Entscheedunge vun den Elteren."

Dës Beaflossung fänkt scho laang virun der Gebuert un. „Et ginn epigenetesch Marker, déi bestëmmen, wéi eis Gene aktivéiert ginn. An dës Marker ginn net nëmmen duerch d’Ëmwelt vum Puppelche beaflosst, mee schonn duerch de Liewensstil vun den Eltere virun der Empfängnis“, betount si.


Fuerschunge weisen, dass Stress, Ernärung oder d’Expositioun un Toxine bei den Elteren dës Marker verännere kënnen an domat d’Entwécklung vum zukünftege Kand beaflossen. „Et gëtt eng biologesch Kontinuitéit tëscht de Generatiounen, déi iwwert dat reng genetesch Ierwen erausgeet“, seet Dr. Collet.

D’"prekonzeptionell Fënster" – eng entscheedend Period

Traditionell ginn déi éischt 1000 Deeg als Schwangerschaft plus déi éischt zwee Liewensjoer definéiert. Mä laut der Dr. Collet sollt dës Period ausgebaut ginn: Déi 100 Deeg virun der Empfängnis si genee sou wichteg.

„D’Keimzellen – also Spermien an Eeër – räifen ongeféier dräi Méint virun der Empfängnis“, erkläert si. „An hir Qualitéit gëtt direkt vun der Ëmwelt an dem Liewensstil vun den Eltere beaflosst.“

Dat bedeit, dass d’Gesondheet an d’Liewensentscheedunge vun den Eltere scho laang virun der Schwangerschaft e wesentlechen Afloss op d’Wuelbefanne vum zukünftege Kand hunn. „Dofir insistéiere mir haut op d’Wichtegkeet vun der prekonzeptioneller Phase, déi ugeet, ier d’Schwangerschaft iwwerhaapt festgestallt gëtt“, seet Dr. Collet.

Wat sinn déi wichtegst Facteuren? Ernärung, Schlofqualitéit, Stressniveau an d’Expositioun u Schuedstoffer zielen zu de gréisste Risikofacteuren.


"D’Ernärung vun der Mamm beaflosst d’Gen-Expressioun vum Kand"


Eng vun de meescht ënnersichte Facteuren ass d’Ernärung vun den Elteren, besonnesch déi vun der Mamm. „Et goufe Studien, déi gewisen hunn, dass eng fetträich Ernärung mat vill ultra-veraarbechten Iesswuere wärend der Schwangerschaft d’Expressioun vu Gene beaflosse kann, déi mam Metabolismus vum Kand verbonne sinn“, erkläert Dr. Collet.

„Wat d’Mamm ësst, kann e laangfristegen Afloss op d’Fett- an Zockerreguléierung vum Kand hunn an domat de Risiko fir metabolesch Krankheete spéider erhéijen.“

Mee et geet net nëmmen ëm d’Mamm. “De Liewensstil vum Papp spillt och eng wichteg Roll“, betount si. „Stress, Alkoholkonsum a Schlofmangel kënnen d’Qualitéit vun de Spermie beaflossen an domat d’Gesondheet vum zukünftege Kand.“


Bindung a psychologescht Wuelbefannen: E biologeschen Afloss?


Nieft der Genetik an der Ernärung spillt och d’Relatioun tëscht Elteren a Kand eng entscheedend Roll an der Entwécklung. „Haut wësse mir, dass d’Qualitéit vun der Bindung d’Stressreguléierung an esouguer d’Gen-Expressioun beaflosse kann“, erkläert Dr. Collet.

Studien hu gewisen, dass Kanner, déi onsécher Bindungserfarunge gemaach hunn oder fréi vu wichtege Bezugsfiguren getrennt goufen, eng verännert Stressreguléierung entwéckele kënnen.

„Souwuel bei Déiere wéi och beim Mënsch gesi mir, dass Bidnung an emotional Sécherheet an den éischte Joren eng biologesch noweisbar Wierkung hunn. Bestëmmten epigenetesch Marker ginn duerch d’Qualitéit vun den éischte Bezéiunge gepräägt.“

Dëst weist, dass näischt komplett festgeschriwwen ass an dass Léift, Präsenz an emotional Sécherheet e biologeschen, heelende Effekt kënne hunn.


Verpasst Präventioun: Firwat gräife mir net méi fréi an?


Trotz dëse wëssenschaftlechen Entwécklunge bleift d’Präventioun nach ëmmer gréisstendeels op

d’Schwangerschaft an déi éischt Liewensjore limitéiert.

„Haut begleet een déi schwanger Fra gutt, mee iwwer déi Zäit virun der Empfängnis gëtt nach ëmmer vill ze wéineg geschwat“, bedauert Dr. Collet.

Si betount, dass vill chronesch Krankheete kéinte verhënnert ginn, wann d’Präventioun scho méi fréi géif ugräifen.


En neien Usaz fir d'Gesondheet vu Puppelcher?


Andeems een déi éischt 1000 Deeg ëm eng prekonzeptionell Phas ergänzt, kéint d’Präventivmedizin dozou bäidroen, de Risiko vu chronesche Krankheeten ze reduzéieren an déi laangfristeg Gesondheet vun de nächste Generatiounen ze verbesseren.

„D’Fuerschung an der Genetik a funktioneller Medezin ginn eis nei Mëttel, fir Eltere scho laang virun der Schwangerschaft optimal ze begleeden“, schléisst Dr. Collet of.





 
 
 

Comments

Rated 0 out of 5 stars.
No ratings yet

Add a rating
bottom of page